The basics
Quick facts
Gender:
Male
Places:
Birth:
7 April 1940(Walferdange, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg)
Death:
30 October 2002(Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg)
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction René Pütz als Schauspiller Filmer
The details
Biography

Introduction

De René Pütz, gebuer de 7. Abrëll 1940 zu Walfer, a gestuerwen den 30. Oktober 2002 an der Stad, war e lëtzebuergesche Schauspiller.

De René Pütz hat de Beruff vum Usträicher geléiert, hie war awer spéider Reesender fir eng Lëtzebuerger Faarwefabréck.

René Pütz als Schauspiller

Mat 15 Joer stoung hie schonn zesumme mam Marcel Jander zu Hesper op der Bün. Seng Theatercarrière ass richteg am Joer 1974 beim Lëtzebuerger Theater ugaangen. Seng éischt Haaptroll hat hien am Stéck De Gréngen vum Fons Kontz. Ee vu senge groussen Erfolleger hat hien zesumme mam Marc Faber an der Jonggesellekëscht vum Alain Atten.

An der Revue vum "Lëtzebuerger Theater", déi all Joer opgefouert gëtt, war de René Pütz an der Roll vum Schnëssert jorelaang eng vun den Haaptfiguren.

Hien huet awer net ëmmer de Clown gespillt, hie konnt och an eeschte Rollen iwwerzeegen, sou am Stéck De Bretzert vum Norbert Weber.

De René Pütz war awer och um Lëtzebuerger Radio an op der Lëtzebuerger Televisioun aktiv. Hien huet och an enger ganzer Serie vu Reklammfilmer matgespillt. Donieft huet en och nach an e puer Filmer matgespillt.

Filmer