Robert Steinmetzer
Luxembourger physician

Robert Steinmetzer

The basics
Quick facts
Intro
Luxembourger physician
Gender:
Male
Places:
Work field:
Birth:
9 October 1948
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Literatur
The details
Biography

Introduction

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Robert Steinmetzer, gebuer den 9. Oktober 1948 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Dokter, deen elo zu Paräis praktizéiert.

Hien huet zu Montpellier Medezin studéiert an duerno zu Paräis säi Staatsexamen gemaach. Hie koum queesch duerch d'Welt. Nodeem hien ee Joer zu Genève geschafft hat, ass hien eng éischt Kéier iwwer de grousse Pull gaangen, wou e sech an der Behandlung vun organesche Krankheete spezialiséiert huet. Zréck an Europa, koum en an d'Clinique Sainte-Marie op Esch-Uelzecht. Nodeem hien op e puer Méiglechkeeten, déi him offréiert goufen, verzicht hat, huet et hien erëm no Amerika gezunn.

Do gouf hie Chef-Dokter an der Cleveland Clinic. Dee Posten huet hien opginn, wéi et geheescht huet, si géifen och eng Klinik zu Fort Lauderdale a Florida opmachen, an hie sollt do de Chef ginn. Dat war déi lescht Statioun ier hien erëm an Europa zréck komm ass, an zwar op Paräis an den Hôpital Americain, deen zur selwechter Stëftung gehéiert, wou e ganz selekte Krees vu Patiente vun iwwerall behandelt ginn, a wou de Robert Steinmetzer vu senge laangen Erfarungen an der Diagnose-Technologie Gebrauch maache konnt. Well hien den direkten a perséinleche Kontakt zu de Kranken virgezunn huet, ass hien do fortgaangen, fir nieft der stationärer Medezin an de Klinicken och eng Privatpraxis am 16. Arrondissement zu Paräis opzemaachen. Hien ass och bekannt fir d'Behandlung vu Kappwéi.

Literatur

  • Reuter, Raymond: 100 Lëtzebuerger rondrëm d'Welt, S. 182: Robert Steinmetzer, Éditions Luxnews, 2003