The basics
Quick facts
Gender:
Male
Places:
Birth:
2 April 1929(Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg)
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Säi Wierk Reaktiounen Literatur Referenzen
The details
Biography

Introduction

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lëtzebuerger Literat. Fir de lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler an Direkter vum Centre national de littérature (gebuer 1974), kuckt wgl. Claude D. Conter.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Claude Conter, gebuer den 2. Abrëll 1929 an der Stad, ass e Lëtzebuerger Literat.

No senger Primärschoulszäit zu Beggen huet de Claude Conter säi Secondaire am LGL, dem Jongelycée um Lampertsbierg gemaach. Den 3. Februar 1943 gouf e mat senger Famill deportéiert a si konnten eréischt de 24. Juni 1945 an hir Heemecht zréckkommen.

Säin Universitéitsstudium huet hien zu Aix-en-Provence, zu Montpellier an zu Paräis gemaach. Seng Carrière als Franséischprofesser huet zu Iechternach ugefaangen. 1959 gouf en op Esch an de Jongelycée (LGE) versat, wou hien, bekannt als de schifen Otto, bis zu senger Pensioun 1990 enseignéiert huet. Zanter 1974 huet e parallel dozou franséisch Literaturgeschicht um Centre Universitaire ginn.

De Claude Conter ass Member vun der Jury vum Servais-Präis a Vizepresident vun der Sektioun "Arts et lettres" vum Institut grand-ducal.

Hien ass net ze verwiessele mam Claude D. Conter.

Säi Wierk

Journalistesches

  • Tëscht 1962 an 1968 huet de Claude Conter eng Honnert "Lettres à Sophie" an "Disgressions" geschriwwen, déi an der Kultur-Bäilag vum Tageblatt, Le Phare publizéiert goufen.

Bicher

  • Nuits de cristal, Lëtzebuerg, 1949.
  • Petite pharmacopée portative, Déifferdeng, Kollektioun "MOL" 13, 1980.
  • Lettres à Sophie - Digressions choisies, annotées et mises en page par Carlo Felten, Dikrech, Collection "APESS" 12, 2002.

Reaktiounen

  • Promenades à travers la littérature et le temps, in: Luxemburger Wort de 7.11.2002. De Raymond Schaack iwwer dem Claude Conter säi Buch "Lettres à Sophie".

Literatur

Referenzen