Fons Kontz
escultor luxemburgués (1944–2015)

Fons Kontz

The basics
Quick facts
Intro
escultor luxemburgués (1944–2015)
Gender:
Male
Places:
Work field:
Birth:
18 September 1944
Death:
6 November 2015
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Um Spaweck Referenzen
The details
Biography

Introduction

De Fons Kontz, gebuer den 18. September 1944 zu Schëffleng a gestuerwen de 6. November 2015, war e lëtzebuergesche Sänger, Schauspiller, Theaterregisseur an Auteur vun Theaterstécker.

Am Haaptberuff huet hien zu Esch-Uelzecht als Elektrofachmann fir d'ARBED an als Gemengen-Employé geschafft, an tëschenduerch och als Basssänger an der Würzburger Oper, wou hie meeschtens a Musicals opgetrueden ass.

Hie war Member vum Theaterveräin Escher Liewensfro' an huet 1978 eng eegen Theatergrupp "D'Monnerecher Bounesäck" gegrënnt. Beim Lëtzebuerger Theater huet hie jorelaang an Theateropféierungen a Revuë matgespillt, an tëscht 1983 an 2003 13 Mol, ënnert dem Pseudonym Kof, zesumme mam Pir Kremer, Pol Pütz, Norbert Weber a Josy Christen mat Revuë geschriwwen. Ausserdeem ass hien Auteur vun enger Rëtsch Tehaterstécker: Eng Tréin am Knäpplach (1984), Fro däi Brudder (1990), Duerchzuch (1992), De Bop (1997), Lauter Mëller (1999), Déi beschte Medezin (1999) a Prënzereng Nummer 6 (2003).

Zënter 2002 huet hien och als Skulpteur geschafft.

Um Spaweck

Referenzen

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 11. November 2015
  2. Quell, wou net anescht uginn: Claude D. Conter: Fons Kontz, am Luxemburger Autorenlexikon, autorenlexikon.lu.