

Pir Kremer
The basics
Quick facts
Gender:
Male
Places:
Work field:
Birth:
17 August 1919(Koerich, Koerich, Canton of Capellen, Luxembourg)
Death:
28 March 2000(Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg)
Star sign:
The details
Biography
Introduction
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Pierre Kremer. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Kremer. |
De Pierre (Pir) Kremer, gebuer de 17. August 1919 zu Käerch a gestuerwen den 28. Mäerz 2000 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Staatsbeamten (Ponts et chaussées) an Auteur.
Hien huet 35 Joer laang als fräie Mataarbechter vun RTL d'Emissioun Um Staminet geschriwwen an dra matgespillt. Hie war och Auteur oder Coauteur vu 25 Revuen (ënner dem Pseudonym Pik). Ausserdeem war hien Auteur vu Gedichtsbänn, enger Rei satireschen Texter, Sketcher, Geschichte fir Kanner a Lidder.
Fir un hien z'erënnere gouf zu Bieles eng Strooss no him genannt.
Bicher vum Pir Kremer
- Zesummegepicktes (1971)
- Repikéiert (1976)
- Nogepiktes (1982)
- Kanner feiere frou Fester (1984)
- Méi wéi honnert Pärelen (1994)
Literatur
- Schmit, S. (ss), 2007. Kremer, Pir (Pierre). In: Luxemburger Autorenlexikon, Ed. G. Goetzinger a Claude D. Conter, S. 357. ISBN 978-2-919903-06-1. [1]
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller
- Revue vum "Lëtzebuerger Theater"