Edsun
Luxembourgish musical artist

Edsun

The basics
Quick facts
Intro
Luxembourgish musical artist
A.K.A.
EDSUN, Edson Pires Domingos
Gender:
Male
Places:
Work field:
Birth:
18 April 1990(Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg)
Star sign:
Education:
Conservatoire de Luxembourg
Canton of Luxembourg, Luxembourg
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Liewen a Karriär Discographie Um Spaweck
The details
Biography

Introduction

Den Edson Pires Domingos bekannt ënner dem Kënschtlernumm Edsun (och stiliséiert als EDSUN) gebuer den 18. Abrëll 1990 zu Lëtzebuerg ass en alternativen R&B-Sänger an Dänzer.

Liewen a Karriär

Bis hie véier Joer al war haten dem Edson seng Elteren e Café, an deem hie vu klengem u reegelméisseg op den Dëscher gedanzt huet. A senger Schoulzäit huet hie richteg mam Danzen ugefaangen, fir d'éischt mat Hip-Hop-Danzcoursen, an duerno am Conservatoire a géint Enn vu senger Lycéeszäit huet hien och ugefaange, selwer Musek ze schreiwen an ze produzéieren.

2015 koum seng éischt EP N.O. eraus, vun där d'Singelen No Compliments an No Flashing Lights ausgekoppelt goufen.

D'Joer drop huet hien d'Lidd Apologee verëffentlecht, fir dat hien zesumme mam lëtzebuergeschen Dänzer Isaiah Wilson e Museksvideo gedréint huet. Fir dee Video goufen déi zwéi bei de Luxembourg's Video Clip Awards am Kader vum Sonic Visions Festival 2016 als bescht nei Regisseuren ausgezeechent. Am Lidd geet et dorëm, net an een Tirang wëlle gestach ze ginn.

2018 koum seng zweet EP You Are Not Just One Thing eraus. Am selwechte Joer gouf den Edsun bei der éischter Editioun vun de Luxembourg Music Awards als Kënschtler vum Joer ausgezeechent. Do krut de Museksvideo fir säi Lidd Lisa och zwéin aner Präisser: de Präis als beschte Video an den Isaiah Wilson gouf als beschten neie Regisseur vu Museksvideoen ausgezeechent.

Am Oktober an November 2018 ass den Edsun op seng éischt Concertstournée, d'The Platonic Touch Tour gaangen, bei där hien an Däitschland, an der Belsch an an Norwegen opgetrueden ass.

Am Abrëll 2020 ass dem Edsun seng nei Single Outtaspace Loverboy erauskomm, déi am Géigesaz zu villen anere vu senge Lidder net traureg mee en Deel vun engem Effort ass, sech méi fir déi positiv Säite vum Liewen opzemaachen, well et him ëmmer méi einfach wier fir traureg Lidder ze schreiwen. Duerno huet hien och nach d'Lidder Miss Me a Make Me Feel verëffentlecht.

2022 hat den Edsun säin eegene Concert an der Rockhal, ass um Christopher Street Day zu München opgetrueden an hien hat zwee Concerten an Tschechien. Donieft huet hie mat Focus a Who I Am zwou weider Singelen erausbruecht, vun deenen den Edsun de Museksclip fir dat zweet Lidd nees mam Isaiah Wilson gedréint huet.

Zënter dem September 2022 steet hie beim lëtzebuergesche Plackelabel Beast Records ënner Vertrag. Déi éischt Singele mam neie Label waren Just Text a Carter.

Discographie

EPen

  • 2015: N.O.
  • 2018: You Are Not Just One Thing

Singelen

  • 2013: Jump Off the Wall
  • 2014: Underwater
  • 2016: No Compliments
  • 2016: No Flasing Lights
  • 2017: Apologee
  • 2018: Lisa
  • 2019: My Love Is Free
  • 2019: Blue Detainee (DJ Dee Remix)
  • 2019: Tangled
  • 2019: Made Out Of Water
  • 2019: Essential
  • 2020: Outtaspace Loverboy
  • 2020: Miss Me
  • 2020: Make You Feel
  • 2022: Focus
  • 2022: Who I Am
  • 2023: Just Text
  • 2023: Carter

Um Spaweck