Beryl Miles
British writer

Beryl Miles

The basics
Quick facts
Intro
British writer
Gender:
Female
Work field:
Birth:
1919
Death:
14 July 2014(Towersey, South Oxfordshire, Oxfordshire, United Kingdom)
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Liewen a Karriär Publikatiounen Um Spaweck Referenzen an Notten
The details
Biography

Introduction

D'Beryl Miles, gebuer 1919, a gestuerwen de 14. Juli 2014 zu Towersey an England, war eng englesch Schrëftstellerin vu Reesbicher.

Zu Lëtzebuerg ass si bekannt wéinst hirem Buch mam Titel Attic in Luxembourg, an deem si 1956 hir Erliefnesser wärend engem Openthalt zu Lëtzebuerg verëffentlecht huet. D'Buch ass nom Zëmmer um Späicher (attic) genannt, an deem si an der Schillerstrooss an der Stad Lëtzebuerg, am Haus vun hirer Cousine Alison Koch-Kent, gewunnt huet. D'Buch koum 1956 am Verlag John Murray eraus.

Liewen a Karriär

1939 huet d'Beryl Miles an engem Bureau zu London geschafft. Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, huet si sech an der Women's Land Army engagéiert, enger ziviler Organisatioun déi de Baueren an der Landwirtschaft gehollef huet. Zu där Zäit huet si eng Rëtsch Gedichter geschriwwen déi ënner dem Titel Poems as a Land Girl verëffentlecht goufen.

An den 1950er Joren huet si Reesen an Australien, Neiséiland, Lëtzebuerg a Mexiko gemaach an hir Erliefnesser a jee engem Buch publizéiert. Ëm 1954 huet si eng Propos vun hirem Verlag John Murray akzeptéiert, e Reesreportage iwwer Lëtzebuerg ze schreiwen. D'Buch koum 1956 mam Titel Attic in Luxembourg eraus.

D'Beryl Miles war mam John (Jan) Outhwaite (gestuerwen 1994) bestuet. Si hunn zu Towersey am Oxfordshire gewunnt.

Publikatiounen

  • Poems as a Land Girl, 1946.
  • The Stars my Blanket, John Murray, 1954. [Iwwer eng Rees an Australien].
  • Islands of Contrast, John Murray, 1955. [Iwwer eng Rees an Neiséiland].
  • Attic in Luxembourg, John Murray, 1956.
  • Candles in Denmark, John Murray, 1958. [Iwwer eng Rees an Dänemark].
  • Spirit of Mexico, John Murray, 1961. [Iwwer eng Rees a Mexico].

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. https://www.librarything.com/author/milesberyl
  2. J. Davies 2005