

André Koch
Introduction
Den André Koch, gebuer de 16. Abrëll 1849 zu Schengen, gestuerwen de 17. Abrëll 1932 zu Berg-sur-Moselle, war Minneningenieur.
Säin Ingenieursdiplom krut den André Koch 1874 zu Léck. Hien huet duerno e puer Joer an der Belsch an der Gasindustrie geschafft. 1880 ass hie vun der “Société minière” vun de Gebridder Charles a Jules Collart, de Proprietäre vun der Stengeforter Schmelz, engagéiert ginn; 1887 gouf hien Direkter vun all hire Minnen a Minièren zu Esch-Uelzecht, dorënner spéider och d'Grouf Kazebierg.
Vum 31. Oktober 1899 bis den 21. Abrëll 1902 war de Koch Member vum Escher Gemengerot.
1901 war hie Grënnungsmember vum Escher Verschéinerungsveräin, der "Société d'initiative et d'embellissement d'Esch-sur-Alzette", dee sech ënner anerem fir d'Ariichtung vun engem Stadpark um Gaalgebierg staark gemaach huet. Vun 1906 bis 1914 war hie President vum Veräin.
Zu Esch ass d'« rue André Koch », déi fréier « rue Leesberg » geheescht huet, no him benannt. Um Gaalgebierg erënnert d'Monument André Koch, dat den 3. Juli 1932 inauguréiert ginn ass, un hien.
Gielchen
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
Literatur
- Allamano, W. & G. Bernardini, 2013. Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Strassen. Esch-sur-Alzette, Polyprint, 256 S.
- FH, 2015. Der Vater des Stadtparks. Rue André Koch, Grubeningenieur und Minendirektor. Tageblatt 2015, Nr. 180 (5. August), S. 40.
Referenzen
- ↑ Allamano & Bernardini 2013, S. 128-129.
- ↑ Doudesannonce am Escher Tageblatt 1932, Nr. 90 (18. Abrëll), S. 6. [1]
- ↑ Industrie.lu. Mine de fer Katzenberg - Katzebierg, Esch/Alzette.
- ↑ Kuck: FH 2015.
- ↑ Escher Tageblatt 1932, Nr. 151 (2. Juli), S. 3 (Enthüllung des Denkmals für André Koch) [Programm]. [2]
Escher Tageblatt 1932, Nr. 152 (4. Juli), S. 3 (Einweihung des Denkmals für André Koch). [3]
Escher Tageblatt 1932, Nr. 154 (6. Juli), S. 6 (Inauguration du monument André Koch: Allocution Flesch à l'occasion de l'inauguration du monument André Koch au Parc public à Esch-Alz.). [4]