The basics
Quick facts
Gender:
Male
Places:
Birth:
29 October 1937(Luxembourg, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg)
Death:
1 November 2019(Luxembourg, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg)
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Publikatiounen Um Spaweck Referenzen
The details
Biography

Introduction

De Pol Tousch, gebuer den 29. Oktober 1937 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 1. November 2019, war e lëtzebuergeschen Enseignant, Auteur an Editeur.

No sengem Studium am Kolléisch an duerno an der Normalschoul, war de Pol Tousch Schoulmeeschter zu Bärel.

Déi éischt Filmer, déi de Pol Tousch gemaach huet, waren Trickfilmer. Duerno huet hie mam Marc Thoma Spillfilmer gedréit, resp. um Dréibuch matgeschafft, wéi Der Tunnel, Du sollst nicht begehren, Emil (2010) an D'Engelcher vu Schëndels (2013).

Och Schallplacken huet hie produzéiert, wéi Bye, bye, Bicycle an den Evergreen Pillo Fonken, an deem de Guy van Hulle als Imitator vum Pilo Fonck e "politesche" Foussballmatch an d'Finall vum Roland Bombardella sengem 200-Meter-Laf zu Montreal (1976) "live" kommentéiert.

Publikatiounen

  • Pol Tousch, 2005. Le contrôle des matières d'or et d'argent dans le Département des Forêts de 1795 à 1814: une administration se met en place. In: Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte. Revue d'histoire luxembourgeoise, 57 (2005), H. 3, S. 383-403.
  • Pol Tousch, 1998. Episoden aus der Festung Luxemburg. Luxembourg, une forteresse raconte. Éditions Pol Tousch, Lëtzebuerg, 254 S. Imprimerie centrale, Lëtzebuerg. ISBN 2-919971-05-0.
  • Pol Tousch, 1991. Dräi Krimië vum Simenon: L'amant de Madame Maigret, Étoile du Nord, an Le pendu de Saint-Pholien op Lëtzebuergesch iwwersat vum Pol Tousch. Éditions Pol Tousch, 1991.
  • Paul Tousch a Baba Tissen, 1987. Dem Foni Tissen seng Welt. Publications mosellanes (1987).
  • Pol Tousch, 1981. Ardennenchronik: Mecher-Dünkrodt und Liefringen. Luxemburg: P. Tousch, 1981.
  • Pol Tousch, 1980, Das Kochbuch aus Luxemburg, klassesch Lëtzebuerger Rezepter, Hölker Verlag, 143 Säiten.

Um Spaweck

Referenzen

  1. Luxemburger Wort 2019-11-05, S. 64, Avis mortuaires.