The basics
Quick facts
Gender:
Male
Places:
Birth:
18 March 1927(Oberkorn, Differdange, Canton of Esch-sur-Alzette, Luxembourg)
Death:
14 October 2018(Niederkorn, Differdange, Canton of Esch-sur-Alzette, Luxembourg)
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Literatur Referenzen
The details
Biography

Introduction

De Roger Quaino, gebuer den 18. Mäerz 1927 zu Uewerkuer a gestuerwen den 14. Oktober 2018 zu Nidderkuer, war e fréiere lëtzebuergesche Varieté-Kënschtler, dee sech an den 1950er an 1960er Jore mat sengen Equilibriste-Konschtstécker international een Numm gemaach hat.

Vun 1949-1952 huet hien op der Hadir geschafft. Tëscht 1952 an 1967 huet hie säin Hobby zu sengem Beruff gemaach. Hien ass uechtert d'Welt op Tournée gaangen an ass zesumme mat bekannten Artiste vun deemools opgetrueden. Vun 1967 bis 1981 war hie Schwammmeeschter zu Uewerkuer. Hien ass awer nach, bis 1978, all Mount am Kaderprogramm vun der Zéiung vun den Nummere vun der Nationallotterie opgetrueden.

Seng Nummeren hunn z. B. dora bestanen, um Eck vun engem Wierfel, deen op engem Reef stoung, sech op just ee Fanger gestäipt am Gläichgewiicht ze halen, oder den Héichstand mat engem Aarm ze maachen op engem Reesbengel, deen op engem Foussball stoung, dee sengersäits op enger Bull louch.

Literatur

Referenzen

  1. Annonce vum 20. Oktober 2018 am "Luxemburger Wort"