Paul Geimer
Luxembourgish politician

Paul Geimer

The basics
Quick facts
Intro
Luxembourgish politician
Gender:
Male
Places:
Work field:
Birth:
10 October 1946
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Gielercher Referenzen Gielercher Referenzen
The details
Biography

Introduction

De Paul Geimer, gebuer den 10. Oktober 1946, ass e pensionéierte lëtzebuergesche Sportsprofesser a fréiere Lokalpolitiker. Hien ass zu Bartreng opgewuess an ass och duerno do wunne bliwwen.

Als Basketballspiller gouf hien an der Saison 1968/1969 mat der Sparta Bartreng Landesmeeschter.

An der Gemeng Bartreng ass hien 1982 als Conseiller an de Gemengerot komm. 1986 gouf hien do Schäffen an 2002 huet hien d'Nofolleg vum Niki Bettendorf als Buergermeeschter iwwerholl. Enn 2008 huet hie seng Demissioun ugekënnegt, déi den 1. Februar 2009 a Kraaft getrueden ass; säin Nofolger als Buergermeeschter gouf de Frank Colabianchi.

De Paul Geimer ass bestuet an ass Papp vun zwee Kanner. Hien ass de Brudder vun der Biologin Gaby Geimer.

Gielercher

  • Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (2000)

Referenzen

Gielercher

  • Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (2000)

Referenzen