The basics
Quick facts
Gender:
Male
Places:
Work field:
Birth:
14 May 1910
Death:
5 August 1998
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Eierung Referenzen
The details
Biography

Introduction

De Joseph Flies, gebuer de 14. Mee 1910 zu Hunchereng a gestuerwen de 5. August 1998 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Soziolog an Historiker; hie war Éieren-Doumhär (chanoine) vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg.

De Joseph Flies huet seng Secondairesstudien am Stater Kolléisch, am Collège des Jésuites vun Namouer an am Collège Saint-Paul vu Godinne gemaach an ass dann an de Seminaire, op Léiwen an op Paräis (Institut Catholique) studéiere gaangen. 1940 huet hie säin Doktorat zu Léiwen mat der Thees Le chômage intellectuel en Belgique ofgeschloss. Duerno gouf hie Vikar zu Ettelbréck. Nom Krich gouf hien Enseignant an der Escher Handwierkerschoul a spéider am Escher Meedercherslycée.

Hien ass virun allem bekannt fir seng Geschichtsfuerschungen, absënns iwwer Esch-Uelzecht an iwwer Ettelbréck.

Wierk (Auswiel)

  • nom Arthur Schon: Zeittafel zur Geschichte der luxemburger Pfarreien.
  • Ettelbruck. Die Geschichte einer Landschaft (1970),
  • Das andere Esch - Ein Gang durch die Geschichte der Stadt Esch an der Alzette (1979)
  • Der Johannisberg (1991).

Eierung

Zu Ettelbréck gouf eng Strooss no him genannt, d'Rue Abbé Joseph Flies.

Referenzen