The basics
Quick facts
Gender:
Male
Places:
Birth:
10 June 1950
Death:
24 July 2016
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Literatur Referenzen
The details
Biography

Introduction

De Jacques Hansen, gebuer den 10. Juni 1950 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 24. Juli 2016 zu Baaschtnech, war Direkter vun der lëtzebuergescher Croix-Rouge.

Vun 1973 bis 1979 war de Jacques Hansen Commissaire à l'information vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.

De Jacques Hansen huet seng berufflech Carrière bei der Caisse de pension des indépendants ugefaangen. Vun 1986 bis 2012 war hien Direkter vun der Croix-Rouge. Vum 1. Januar 2013 u war hien an der Pensioun.

2012 gouf de Jacques Hansen Grand Maître vun der Grande Loge de Luxembourg.

Hie war de Brudder vum Physiker Jean-Pierre Hansen an den Enkelvum Professer Joseph Hansen. Hie war mat der Doktesch Danielle Koenig, der Duechter vum Fernand Koenig bestuet.

Literatur

  • Ahlborn, Henri & Marc Crochet: Jacques Hansen (1950-2016), directeur honoraire et membre du Conseil d'administration de la Croix-Rouge luxembourgeoise. Luxemburger Wort 2016-11-21, S. 57.

Referenzen