

Introduction
De Frank Hoffmann, gebuer den 23. Februar 1954, ass e lëtzebuergesche Film- an Theaterregisseur.
De Frank Hoffmann huet, mat 18 Joer, deen éischte lëtzebuergesche Studentecabaret matgegrënnt. Duerno huet en zu Heidelberg Germanistik, Romanistik a Philosophie studéiert, a mat enger Promotioun iwwer d'Philosophie vum Theater, déi um Michel Foucault sengen These baséiert, ofgeschloss.
Vun der Mëtt vun den 1980er Jore bis zum Enn vun den 1990er Joren huet de Frank Hoffmann virun allem zu Basel, Bremen a Bonn Theaterregie gefouert. 2000 huet en zu Lëtzebuerg den éischten Zelttheaterfestival organiséiert an war Regisseur zum Premièresstéck vum erëmopgemaachte Stater Theater.
Zanter September 2004 ass de Frank Hoffmann den Intendant vun de Ruhrfestspiele zu Recklinghausen.
Hien huet och zesumme mam Paul Kieffer, an zwéi Filmer, Die Reise das Land a Schacko Klak, Regie gefouert.
Hien ass Auteur vu bis ewell dräi Theaterstécker.
De Frank Hoffmann ass de Jong vum Léopold Hoffmann.
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Filmregisseuren