

Edmond Cigrang
Introduction
Den Edmond Cigrang, gebuer de 7. Juli 1922 zu Dikrech a gestuerwen den 29. September 1989 zu Aix-en-Provence, war e lëtzebuergesche Komponist a Musekspedagog.
Hien ass an d'Normalschoul fir Léierpersonal gaangen a wärend dem Zweete Weltkrich ugefaangen, als Schoulmeeschter ze schaffen. Nom Krich huet hien zu Zürich, Köln a Paräis Musek studéiert.
Op hie geet eng Reform vum Museksunterecht an de Primärschoulen zréck. Hien huet vun 1953 um Institut pédagogique (ISERP) Musekspedagogen enseignéiert, a war Professer um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg fir Musekanalys a -geschicht.
Den Edmond Cigrand huet virun allem Kammermusek komponéiert. Vun him sinn och eng Rëtsch Lied-Kompositiounen, dorënner Sieben japanischen Lieder oder där op Gedichter vum Paul Henkes, Anise Koltz a Christian Morgenstern.
An den 1960er Joren huet hien och Musek fir méi grouss Orchester komponéiert, an och fir en Dokumentarfilm iwwer de Joseph Kutter.
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Museker
Referenzen
- ↑ Luxemburger Lexikon, Lëtzebuerg: Éditions Guy Binsfeld, 2006
- ↑ Ons Stad Nr 32 (1989), S.5.