The basics
Quick facts
Gender:
Male
Birth:
11 July 1947
Star sign:
Biography menu
Menu

Jump to

Introduction Formatioun a Carrière Publikatiounen (Auswiel) Kuckt och Um Spaweck Referenzen an Notten Formatioun a Carrière
The details
Biography

Introduction

De Claude Schmit, gebuer den 11. Juli 1947 zu Wolz, ass e lëtzebuergeschen Acteur, Theaterregisseur, Auteur a pensionéierte Lycéesprofesser.

Hien ass virun allem bekannt als Regisseur vun enger Rëtsch Theaterstécker a franséischer Sprooch fir den TOL, an Émissiounen iwwer Reesen an d'Philosophie um radio 100,7.

Formatioun a Carrière

De Claude Schmit huet Philosophie an Däitschland an a Frankräich an duerno Theaterwëssenschafte studéiert.

Vun 1986 bis 1988 huet hien d'Jeunesses théatrales geleet.

Bis zu senger Pensioun huet de Claude Schmit Philosophie a Franséisch am Stater Kolléisch enseignéiert.

Hien ass zanter 1993 fräie Mataarbechter vum Radio 100,7, wou hien (Stand 2012) déi philosophesch Emissioun Usiichten animéiert.

2012 huet hie säin éischte Roman (La tristesse du Hibou) publizéiert. 2014 krut e fir säin zweete Roman Emile: Un enfant des Lumières den 1. Präis beim Nationale Literaturconcours.

Publikatiounen (Auswiel)

  • La tristesse du Hibou. 2012: Éditions Phi, Déifferdeng, 506 S.
  • Emile: Un enfant des Lumières. 2014: Editions Phi, ISBN 978-99959-37-04-1.

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller¨
  • Concours littéraire national 2014

Um Spaweck

  • La tristesse du Hibou op der Websäit vun den Éditions Phi [1]

Referenzen an Notten